De Groupement des Amis du Rail stellt sech vir

 

De G.A.R. (Groupement des Amis du Rail) ass eng Vereenegung ouni Gewënnzweck, déi den 16.März 1973 zu Lëtzebuerg gegrënn ginn ass. 

De Sëtz vun der Vereenegung ass Lëtzebuerg.

 

 

D'Ziler vum G.A.R. sinn:

·     - Ënnert senge Memberen an an de Ëffentlechkeet den Interêt um Transportmëttel Eisebunn ze verbreeden.

·     - Léisunge fir Problemer zum Persounen- a Wuerentransport virzeschloen.

 

D'Aktivitéiten vum G.A.R.

D'Aktivitéiten vum  G.A.R. bestinn haaptsächlech am Organiséiere vun touristeschen Eisebunnsreesen , dem Besiche vun Eisebunnsanlagen,, dem Erhale vun Eisebunnsmaterial an der Publikatioun an dem Verkaf vun Eisebunnsliteratur.

Tourismus

Vum touristesche Standpunkt hir gesinn, ass de G.A.R. säit 35 Joer, zesummen mat den belschen a lëtzebuergesche Staatsbunnen, den Haaptorganisator vum LËTZEBUERG-BLANKENBERGE EXPRESS. Dëse Sonnerzuch verbënnt  verschidde Sonndeger am Juli an August Lëtzebuerg mat der belscher Côte zu Blankenberge.

De G.A.R. ass doriwwer eraus och nach stolzen Matbesëtzer vun engem Restaurantswon, RENDEZ-VOUS WON genannt. Dësen 140 km/h schnellen an op bal allen europäesche Bunnen zougeloossene Won  huet eng modern ageriichte Kichen a bitt Plaz fir 64 Persounen. De „Rendez-Vous Won“ kann ee fir wéineg Sue fir privat Zwecker lounen.

Historescht Eisebunnsmaterial 

De G.A.R. war Besëtzer vun der DAMPMASCHINN 5621, déi identesch ass mat der Baureihe 52 vun der Däitscher Reichsbahn. Des Dampmaschinn, déi Enn der siwwenzeger Joer bei der ÖBB kaaft gouf, ass leider net méi betribsfäheg. 

Eng funktionéirend DRAISINE vun der Mark „Beilhack“ (Baujoer 1943), déi vun der CFL iwwerholl ginn ass ass och och am Besëtz vum G.A.R.

Dat interessantst Gefier vum G.A.R. ass awer sécher den DE DIETRICH Autorail Z 105 (Baujoer 1949), deen no senger Ausmusterung bei der CFL am Joer 1978 an de Besëtz vum G.A.R. komm ass. Dëse voll betribsfähegen Autorail gëtt vun 2, jee 160 PS staarken, Saurer Dieselmotoren (Typ BXDS) ugedriwwen. Bemierkenswert ass, daß dësen Autorail weltwäit dat eenzegt betriibsfähegt Exemplar vun dëser Gattung ass.. Wann néideg kann den Autorail mat der Remorque Décauville RZ 1011 (Baujoer 1962) ergänzt ginn. 

Am Joer 2002 goung d'Dampmaschinn, den Autorail an d'Remorque an de Besëtz vum  Service des Sites et Monuments Nationaux iwwer. wou se als Monument Historique klasséiert goufen.

Schlussendlich ass de G.A.R. och nach Proprietaire vun enger Rei Virkrichs Gidderween, déi haaptsächlech zum Stockéiere vun Eratzdeeler genotzt ginn. De Pakwon Nr.921 (Familleureux 1923) ass e gemittlechen Openthalts- a Emkleederaum fir d'Mannschaft déi sech em den Ennerhalt vum historeschen Eisebunnsmaterial këmmert. Des Mannschaft déi sech ëmmer Samschdes am Depôt Lëtzebuerg trëfft, ass och maassgeeblech bedeelegt un der Restauratioun vun der DIESELLOK 1604, déi 1988 an d'Lëscht vun den technesche lëtzebuerger Monumenter opgeholl ginn ass a säit 1994 am Besëtz vum Sites et Monuments ass. 

Eisebunnsliteratur an Modelleisebunn 

De Beräich DOKUMENTATIOUN ass verantwortlech fir d'Publikatioun an de Verkaf vun all Zort Eisebunnsliteratur. Esou ass de G.A.R. zum Beispill Editeur vun e puer Eisebunnsbicher iwwert di lëtzebuerger Eisebunn (Eisenbahnen in Luxemburg & Schmalspurbahnen in Luxemburg vum Auteur Ed. Federmeyer). Donieft bitt de G.A.R. och nach Postkaarten, Posteren, Pins souwéi aner Artikele mat Motiver vun lëtzebuerger Eisebunnsmaterial zum Verkaf un. Bestelle kann een och Bicher a Multimedia vun anere Verlager. 

De GAR huet och eng Serie vun HO-Modeller erausginn, ënner anerem Gidderween vun der Mark Klein an Wegmann Persouneween vu Lima.. 

 

 

All Aktivitéiten ginn a fräiwëlleger Mataarbecht vum Veräin realiséiert. 

Wann Dir Interessi un onsen Aktivitéiten hutt an di aktuell Mannschaft wëllt ënnerstëtzen, da mellt iech bei ons. 

Mir si frou iwwert jiddereen dee bereet ass d'Aktivitéiten vum  G.A.R. ze ënnerstëtzen.  

 

 

 

Fir Member am GAR ze ginn, iwwerweist w.g.l. den Joresbeitrag op eisen Postscheckkonto (CCPL) zu Lëtzebuerg 

CCPLLULL   LU68 1111 0082 4803 0000

De GAR invitéiert all Member op seng wöchentlech Versammlungen, ëmmer Freides (außer wann Feierdag ass) ëm 20 Auer am Eisebunnscasino (casino syndical) 63, Bouneweegerstrooss zu Lëtzebuerg.