|
Tourismus an Restauratioun |
Rendez-Vous Won am Design 4 |
Wegman DAB 494 + B 441 |
Vëloswon am Design 2 |
|
De GAR bedreift en Iesswon deen "Rendez-Vous" Won genannt gëtt. Dëse Won gouf aus engem CFL Wegman Persounewon ëmgebaut. Hien ass equipéiert mat enger professioneller Kichen, däerf 140 km/h lafen an huet eng Zouloossung fir di meescht europäesch Eisebunnsnetzer De Iessraum bitt Plaz fir 68 Persounen. Et ginn och nach 3 historesch gréng Wegman Ween. Dëst si restauréiert Sëtzween a gehéieren zum historesche Material vum SSMN (Service des Sites et Monuments Nationaux). Di fréier Zousaz-Restauranten DAB 494, DAB 486, de Vëloswon D 002 souwéi den Barwon B 441 sinn net méi disponibel.
Verlounen
vun de Ween De GAR këmmert sech, wann de Client et wëscht, ëm d'Organisatioun vun der Zuchrees an och ëm d'Verhandlunge mat der CFL
Di 3 gréng Wegmänner: Präis gëtt vun der CFL bestëmmt
Zu dëse Präisser kënnt all Kéier nach de Präis vun den Zuchebilljeeën derbäi (CFL oder anerer). Bei engem Asaz am Ausland muss beduecht ginn, dass normalerweis d'CFL och een Dag brauch fir de Won dohinner ze féieren an och een Dag fir en erëm sichen ze goen (Locationsdauer = 3 Deeg). Wann de Client och een Iessen am Rendez-Vous beim GAR bestellt, da kascht den Iesswon näischt.
D'Restauratioun Zéckt net fir eis unzeruffen De GAR sicht ëmmer fräiwëlleg Mataarbechter, déi bereet sinn onentgeltlech in der Restauratioun matzehëllefen. Wann Dir gäre mam Zuch fuert a Freed um Zerwéieren oder um Fueren mat der Minibar hutt da mellt Iech bei ons
|
j